Zu Lëtzebuerg geet d'Etüd "Working, Yet Poor" dovunner aus, dass all Zéngten, dee schafft, vun Aarmut betraff ass. Dat versteet een ënner Working Poor.

40 Stonne schaffen, awer um Enn vum Mount net genuch Suen hunn? Kléngt no engem Widdersproch ass awer d'Liewensrealitéit vu ville Mënschen.

Jonker, Independanten, Leit, déi de Mindestloun verdéngen, awer och Monoparentalle sinn e puer Beispiller vu Gruppen, déi riskéieren, aarm ze sinn, obwuel si schaffen. An dësem Reportage setze mir de Fokus op Monoparentallen. De Statec geet dovunner aus, dass 5 Prozent vun de Menagen zu Lëtzebuerg elengerzéiend sinn.

En Temoignage

Wann een d'Delfina mat hire Kanner gesäit, da kéint ee mengen, et wier alles gutt. Et si seele Momenter, un deenen déi jonk Mam richteg ofschalte kann. Si ass eleng mat zwee Kanner an eleng responsabel. Si këmmert sech eleng ëm d'Kanner, organiséiert alles ronderëm a si ass och eleng, wann et ëm d'Bezuele geet. Si huet ee Salaire an dovunner lieft déi ganz Famill. Um Enn vum Mount géif et dacks net duergoen. Dat géif awer net um Salaire leien.

"D'Probleemer kommen net vu menger Aarbechtssituatioun. Ech hu jo eng gutt Aarbecht, ech verdénge jo zimmlech gutt. Et ass just de System, deen ass falsch gemaach."

Si kritt zum Beispill keng Alimenter vum Papp, Suen, déi hir all Mount feelen. Mee si huet awer och keng staatlech Hëllefen zegutt. Dofir verdéngt si ze vill. Heiansdo läit si just e puer Euro driwwer. No engem Rendez-vous beim Office social dierf si elo an de soziale Buttek akafe goen. Do kritt een entweder Bongen oder Liewensmëttel fir wéineg Suen ze kafen.

A sozial Butteker géife vill Leit kommen, déi schaffen. Mat der aktueller Präisdeierecht géif een elo schonn eng méi grouss Nofro spieren. Och am Office Social hätt ee gemierkt, dass aktuell méi Leit op Rendez-vouse kommen, déi ee virdrun net gesinn huet. Ee Rendez-vous beim Office Social ass bei verschiddene Leit nach mat engem Stigma verbonnen.

"Et ass kloer rauskomm bei der Etüd vun der Uni Lëtzebuerg, wou gesot ginn ass, dass den Office Social de Ruff nach huet als Aarmebüro. Obwuel en dat net ass. De Gros, vun den Aarbechten, déi mir maachen, dat ass, d’Leit informéieren, administrativ hëllefen, Conseile ginn, orientéieren an natierlech gi mir finanziell Hëllefe fir Leit, déi an der Prekaritéit sinn", esou de Jean-Paul Reuter, Coordinateur vum Office Social zu Déifferdeng.

Ee weidere Facteur, dee virun allem Monoparentalle betrëfft, ass d'Besteierung. Als Monoparental ass een an der Steierklass 1A, déi ass awer net virdeelhaft. Et muss ee ganz vill Steiere bezuelen, gëtt behandelt wéi wann een eleng wier. Obwuel een eng Famill ernäre muss. Et géif zwar de CIM ginn, de Crédit d'Impôt Monoparental an dee gouf och verduebelt 2017, mee e géif awer just engem klengen Deel hëllefen. Eng real Hëllef wier et fir déi Leit, déi net vill verdéngen. De Jean Heuschling ass de Grënner vum Collectif Monoparental, enger Säit op Facebook. Hie kritt och dacks mat, dass dee Crédit vergiess gëtt ugefrot ze ginn oder vill Leit et net wëssen. Automatesch kritt een en net.

Thema Logement

Keng Hëllefen zegutt, héich Steieren, eleng fir ee Stot responsabel, dat sinn e puer Grënn, déi e Monoparental an d'Prekaritéit kënne bréngen, obwuel de Salaire gutt ass. De Logement wier een anere Grond. Ee Probleem, deen zanter Joren diskutéiert gëtt. D'Li Kaufmann huet d'Erfarung gemaach, dass hire Salaire net duergeet, fir ee Prêt fir ze kafen an e wier awer ze héich, fir Hëllefen ze kréien. Si huet de Choix missen treffen, an d'Ausland wunnen ze goen.

E komplext Thema dat sécherlech net all Geschicht an Eenzelschicksal gerecht gëtt. Fir déi Betraffen awer dacks eng onméiglech Situatioun. D'Gefill bestrooft ze ginn, well ee schafft, hu vill Betraffener bei eiser Recherche beschriwwen. Monoparentalle si just ee Grupp, déi à risque ass. An d'Prekaritéit ze rutschen, obwuel ee schafft, ass keen ongewéinleche Phänomeen.

Working Yet Poor ass eng europawäit Etüd, bei deem ënner anerem Lëtzebuerg ënnersicht gouf an op den éischte Bléck schlecht ofschneit. En Aarmutstaux vun 13,5 Prozent iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt. Dozou misst ee soen, esou den Auteur Dr. Luca Ratti, dass d'Grënn fir Aarmut trotz Aarbecht ganz komplex wieren. Et soll net dat Eenzegt sinn, wat ee kuckt. Dobäi gëtt hei vun enger relativer Aarmut geschwat. Dat heescht, et gëtt eng Mediane gezunn an déi ass zu Lëtzebuerg héich. Déi genee Grënn fir d'Resultat zu Lëtzebuerg géifen awer nach weider ënnersicht ginn.

De ganze Projet fannt Dir hei.

Hei kann een iwwregens selwer den Test maachen, ob een an d'Kategorie Working Poor géif falen.