D'Pirateschëff - den neien Drogenhotspot?
© Céline Spithoven/RTL
Der Stater Buergermeeschtesch no hätt d'Drogeproblematik sech an d'Uewerstad verlagert, besonnesch bei d'Pirateschëff. Mir waren eis d'Plaz ukucken.
Den Hamilius an d'Spillplaz "Pirateschëff" am Stater Park sollen déi nei Drogenhotspotte sinn. Reegelméisseg géing een hei Sprëtze fannen an dat op engem Terrain, wou Kanner spillen. Dat sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um Dënschdeg de Moien op eiser Antenne.
Elo huet d'Stad Lëtzebuerg wëlles ze reagéieren, fir "d'Kierch am Duerf ze loossen", sou d'DP-Politikerin. De Mediations-Service à vos cotés, dee schonn op der Gare an zu Bouneweg ënnerwee ass, soll elo och an der Uewerstad seng Tier dréinen. Donieft soll elo rëm eng privat Sécherheetsfirma engagéiert ginn, fir hei Präsens ze weisen.
Neien Treffpunkt fir Konsumenten an Dealeren?
No den Aussoe vum Lydie Polfer si mir eis déi genannte Plazen um Dënschdeg am spéide Moien ukucke gaangen. Sprëtze waren hei keng ze gesinn. Vereenzelt Titercher a Pëllen-Verpackunge loossen awer drop schléissen, dass am Park beim Pirateschëff konsuméiert gëtt. Wat genee, kann een net soen.






D'Drogeproblematik, wéi se vun der Stater Buergermeeschtesch beschriwwe gouf, war op den éischten an zweete Bléck net esou ze gesinn. Et muss een awer soen, dass Botzekippe vun der Stad Lëtzebuerg am Park am Asaz waren. Wat vun dëser Ekipp schonn alles opgesammelt gouf, ass net gewosst.
© Céline Spithoven/RTL
Op der Plaz huet eng Persoun erzielt, dass virun e puer Wochen tatsächlech méi Drogekonsumenten hei am Park beim Pirateschëff unzetreffe waren. Do hätt ee Moies definitiv méi Sprëtzen an aneres fonnt. Ma zënter d'Wieder besser ginn ass, hätt sech dat awer däitlech berouegt, well méi Kanner a Famillen am Park ënnerwee sinn, sou d'Persoun.
Een aneren, deen dacks am Park ass, erzielt d'Konsumenten an d'Dealere wiere méi wäit uewen am Park ze fannen an net onbedéngt bei der Spillplaz "Pirateschëff".
D'Pirateschëff als neien Drogenhotspot?
Dat ass also schwéier ze soen.
No de Botzaarbechte vun de Gemengenaarbechter hunn op alle Fall just nach wéineg Iwwerreschter op en neien Treffpunkt vun der Drogenzeen schléisse gelooss. Dës weidere sinn dëst Observatiounen, déi een iwwert den Dag maache konnt. Dëst seet awer näischt doriwwer aus, wéi d'Situatioun hei nuets ausgesäit.
Dat selwecht gëllt fir den Hamilius. Hei ass am Laf vum Dag zwar deen een oder anere Sans-abri ënnerwee. Offensichtlech Konsumenten an Dealere konnte mir um Dënschdeg awer net untreffen.