
De Bauere no gëtt et dëst Joer erëm eng schlecht Recolte! D’Wiederconditiounen an de Schued duerch Wëllschwäin, deenen hir Zuel stänneg erop géing, wiere Schold. Obschonns de Kuebe-Schued op de Felder vun der Naturverwaltung finanziell kompenséiert gëtt, hunn d’Baueren d’Flemm.

Zu de Wëldschied gehéieren och Perten, déi duerch Kueben entstinn, an dëst Joer wier den Appetit vun dëse Sat-Kréien esou ongewinnt grouss, dass d’Baueren uechter d’Land elo scho fir déi zweete Kéier Mais geséit hunn, deen d’Vigel op en Neits friessen.
Et ass e Problem, dee sech dëst Joer anescht wéi soss presentéiert. Riets geet vun enger reegelrechter Kuebeplo, an där géing ee wéinst den neie Virschrëften, wat d’Kären ugeet, net Meeschter, erkläert de Patrick Holper, Kärenhändler vun Angelduerf. Hie mierkt et an der Keess, déi sech wuel fëllt, mee dat kéint ëmschloen. Zwee Facteure spillen hei mat: de Kueb ass clever an d’Beez net méi déi, déi se emol war.
“Fréier sinn d’Maiskäre mat Mesurol gebeezt ginn. Dat war e sougenannt Vogelabwehrmittel, dat verbuede gouf, well et ze vill geféierlech war, och fir de Konsument. Haut sinn d’Maiskären entweder mat Korit gebeezt, dat d’Vullen u sech och ewechhält, mee well dat Mëttel net an de Mais eranzitt, wierkt et eben net esou gutt. D’nächst Joer kéim och de Korit vum Marché, weess eise Spezialist, an da géif just nach Bio geschafft, mat äthereschen Ueleger… wat natierlech nach manner géif zéien am Asaz géint eise Kueb.”
Wann nach eng Kéier misst frësch ausgeséit ginn, wier een, wat de Mais ugeet, ze spéit un. Negativ Auswierkungen op d’Recolte sinn da kaum auszeschléissen. An deem Kontext maachen d’Bauere sech elo Suerge wéinst enger Rumeur: De Schued duerch de Kueb, deen zu de Wëldschied gehéiert, géif an Zukunft net méi entschiedegt. Dobäi kënnt den Drock op de Secteur wéinst dem Exportstopp an der Ukrain. Natierlech hätt dat en Impakt op Westeuropa an natierlech wier dat, “sech eleng op de Käremarché am Osten ze konzentréieren, dee schlechte Choix”, seet de Patrick Holper. Spiere géing de Produzent dat Ganzt och hei am Land.
“Déi Problemer si virprogramméiert, sou seng Prognos. Déi normal Rechnung vun Offer an Demande wier et, si missten de Bauere soen: wann der wëllt sécher sinn, äert Geseems ze kréien, ass et besser elo ze kafen oder ze reservéieren. E Präis kéint ee scho guer net ginn. An och keng Garantie, dass es fir d’nächst Joer iwwerhaapt genuch do ass! Mee ouni Fudder kann och keng Mëllech a kee Fleesch produzéiert ginn. E Cercle vicieux a fir de Bauer eng schwiereg Decisioun.”
D’Mais-Geseems géing minimal 20 Prozent méi deier ginn, sou eisen Expert. Huet d’Kuebepopulatioun dann elo wierklech zougeholl? D’Baueren, stellt de Patrick Holper fest, géingen op alle Fall iwwer méi Schued wéi an deenen anere Jore kloen.