Isolatiounszäit soll erofgesat an 3G-System a Spideeler ofgeschaaft ginn

D'Isolatioun am Fall vun enger Covid-Infektioun soll vun 10 op 7 Deeg erofgesat ginn.
Dat ass an engem Gesetzesprojet virgesinn, deen e Mëttwoch gréng Luucht am Regierungsrot krut. Den 3G-System am Spidol an an den Alters- a Fleegeheemer soll dann och ofgeschaaft ginn, iwwerdeems d'Maskeflicht do awer bleift. Doriwwer eraus ginn d'Mesuren am Prisong an am Centre de rétention un déi an der allgemenger Gesellschaft ugepasst. D’Gesetz soll, wann et bis gestëmmt ass, bis den 31. Oktober 2022 gëllen.
Weider Sujeten aus dem Regierungsrot
D'Ministeren hunn dann och e Mëttwoch hiren Accord gi fir eng Rei Gesetzer a groussherzoglech Reglementer, mat deenen eng Harmoniséierung tëschent den nidderege Karriäre bei de Staatsbeamten an den Employés d'Etat soll ëmgesat ginn. A mat engem weidere groussherzogleche Reglement sinn d'Salairë vun de Saisonsaarbechter an der Landwirtschaft an am Wäibau fixéiert ginn.