D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm véier op elo 1.092 geklommen ass.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Mëttwoch, Donneschdeg, Freideg, Samschdeg a Sonndeg. De Gesondheetsministère deelt iwwert de Weekend keng Zuele mat, genee esou wéi op Feier- a Bréckendeeg.

Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn dräi Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.285.209 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 7,59 Prozent, deen Dag gouf et 28 Positiver bei 369 PCR-Tester)