Bis 2030 soll sech d'Zuel vun de Wunnengen um Belval verduebelen. An och d'Zuel vun de Leit, déi do schaffen, soll sech op 25.000 verduebelen.

Wéi soll de Site Belval am beschten amenagéiert ginn? Wat muss beim Wuesstem verännert ginn a wéi kann een aus Feeler léieren, déi bei der Entwécklung vun de ronn 650 Hektar, déi de Gemenge Suessem an Esch gehéieren, gemaach goufen. Dorëmmer ass et en Dënschdeg an enger Interpellatioun vun der Grénger Deputéierter Semiray Ahmedova an der Chamber gaangen.

De Belval-Site fir d'Zukunft preparéieren / Rep. D. Hoffmann

Bis 2030 soll sech d'Zuel vun de Wunnengen um Belval verduebelen. Vu knapp 2.000 Logementer, an deenen eng 3.600 Leit wunnen, op iwwer 4.000 Logementer. An och d'Zuel vun de Leit, déi do schaffen, soll sech op 25.000 verduebelen.

De Belval hätt vill Potential an awer och Chantieren, sot den DP-Deputéierte Max Hahn.

"Fir dass de Belval kee rengt Aarbechtsvéierel ass, wou den Dag iwwer villäicht vill Leit sinn, well se do schaffen an esou owes näischt méi do leeft, ass d'Entwécklung vum Logement zentral. Et muss ee soen, et ass an der Vergaangenheet fir d'éischt op d'Aarbechtsplaze gesat ginn."

D'Schafung vum Logement geet der Deputéierter vun déi Lénk, Myriam Cecchetti, net an déi richteg Richtung. Et géing net séier genuch abordabele Wunnraum gebaut ginn, an och den Ausbau vun den Aarbechtsplaze gesäit si als problematesch.

"Mir hunn hei am Land een enormen Ecart tëscht der Unzuel un Aarbechtsplazen an der Unzuel u Wunnunitéiten. Deen Ecart kréie mir nimools ofgebaut, wa mir dauernd nei Quartiere bauen, déi gläichzäiteg och eng héich Unzuel un Aarbechtsplaze virgesinn. Déi jo dann erëm de Besoin u Wunnraum zousätzlech an d'Luucht schrauwen, well déi Leit, déi dohinner schaffe kommen, musse schliisslech och iergendwou wunnen."

An et wier kloer, dat déi Idyll, datt een do kéint liewen, wou ee schafft, aus finanzielle Grënn dacks net kéint Realitéit sinn.

Doriwwer eraus ass déi Gréng Deputéiert Semiray Ahmedova awer och nach op aner Problemer um Belval agaangen.

"D'Mobilitéitsplanung ass an eisem A sécherlech eng vun deene gréisste Kannerkrankheete vum Projet Belval. Wou virun 20 Joer beim Ausschaffe vum Masterplang nach net déi richteg Léieren aus dem Amenagement vum Plateau Kierchbierg gezu goufen."

De Grénge Mobilitéitsminister François Bausch betount, datt genau dat dee gréisste Schwaachpunkt vum Site Belval wier. Heiru géing awer geschafft ginn. Et falen d'Beispiller vum Vëloswee, dee bis spéitstens den nächste Januar soll opgoen, dem séieren Tram oder enger besserer Busverbindung mat der Grenzregioun.

Weider hunn déi Deputéiert nach kritiséiert, datt um Belval misste méi Gréngflächen amenagéiert ginn an datt de Site esou zoubetonéiert wier.