24 nei Petitiounen um Site vun der Chamber decken eng Rei vun Themen of, vum Recht op Ofdreiwung bis hin zu engem Feierdag um Dag vum Trounwiessel.

Vun en Donneschdeg u fënnt ee 24 nei Petitiounen um respektive Site vun der Chamber. 5.500 Ënnerschrëfte bannent 42 Deeg brauchen dës Biergerinitiativen, fir duerno kënne virun der parlamentarescher Petitioune-Kommissioun virgestallt an diskutéiert ze ginn.

Iwwersiicht vun de Petitiounen

  • D'Petitioun 3692 verlaangt, datt fir Independantë sollen déi selwecht Reegele vun der progressiver Pensioun gëllen, wéi och fir Salariéen.
  • Bei der Petitioun 3694 geet et ëm e bessere Remboursement vu Behandlungen a Medikamenter fir Bëbeeën, kleng Kanner an och hir Elteren.
  • D'Initiativ 3717 setzt sech fir eng méi ëmfaassend Betreiung vun Autismus am Lëtzebuerger Gesondheets- a Bildungssystem an.
  • An der Petitioun 3721 gëtt gefuerdert, d'Rechter vun de Pappen am Familljerecht ze stäerken, dat am beschten Interesse vum Kand.
  • D'Petitioun 3723 wëll eng méi gerecht Stafflung an e méi héije Plaffong fir de Chèque-Service Accueil aféieren.
  • An der Initiativ 3731 gëtt en neie Feierdag gefuerdert: den 3. Oktober 2025, den Dag vum Groussherzog sengem Trounwiessel.
  • D'Petitioun 3734 verlaangt obligatoresch Pause fir Bauaarbechter, déi dobausse schaffen, bei héijen Temperaturen.
  • Bei der Petitioun 3735 steet d'Sécherheet op den Autobunnen am Fokus, mat ënnert anerem der Fuerderung no méi héijer a visibeler Presenz vun der Police.
  • D'Petitioun 3738 wëll, datt Hënn eng Stëmm an der Gesellschaft kréien a net méi wéi Objete behandelt ginn.
  • D'Initiativ 3739 verlaangt en allgemengt Verbuet vu Freedefeier a Knupperten.
  • D’Initiativ 3744 dréit sech ëm eng gesetzlech Obligatioun fir sécher Motorradaausrëschtung.
  • D'Petitioun 3746 wëll en nationalen "Nei Brasilien Dag" aféieren, fir "all Lëtzebuerger Bierger an all Immigranten ze éieren, déi hir Länner a Familljen verlooss hunn".
  • Ënnert der Initiativ 3747 gëtt gefuerdert, datt och Erwuessener e Remboursement fir "traitements orthodonetiques" duerch d'CNS kréien.
  • D'Petitioun 3748 setzt sech fir eng Kontrollautoritéit fir Syndiker an e bessere Schutz vu Copropriétairen an.
  • Mat der Initiativ 3751 gëtt d'Gläichstellung vun de PACS-Koppele gefuerdert, andeems si an d'Steierklass 2 solle kommen.
  • D'Initiativ 3752 wëllt eng "méi gerecht a mënschlech" Ofdeckung vu pediatresche Behandlungen an der Ënnerstëtzung vun den Elteren.
  • D'Petitioun 3755 plädéiert dofir, datt d'Schëfflenger Europaschoul no der fréierer EU-Parlamentarierin Astrid Lulling soll benannt ginn.
  • Ënnert der Petitioun 3756 gëtt e System vun enger net-Kompensatioun fir Solarstroum-Produzente gefuerdert.
  • D'Petitioun 3757 verlaangt eng Erhéijung vun der staatlecher Iessenszoulag fir Beamten op 15 Euro pro Aarbechtsdag.
  • Mat der Petitioun 3759 gëtt eng "ausseruerdentlech Prozedur" gefrot fir de Remboursement vu Behandlunge vu schwéiere Krankheeten.
  • D'Initiativ 3761 seet Haass wier keng Meenung a verlaangt duerfir Konsequenze fir Pressesäiten, déi d'Kommentaren op de soziale Medien net moderéieren.
  • Mat der Petitioun 3762 gëtt d'Installatioun vun Apparater gefuerdert, déi d'Signaler vun Handyen an ëffentlechen Transportmëttel blockéieren – mat Exceptioun vun Noutriff.
  • D'Petitioun 3773 freet d'Aféierung vun enger "Fräiwëllege-Reserve" zu Lëtzebuerg, fir d'Land besser géint méiglech Krisen ze stäerken.
  • Zum Schluss gëtt mat der Petitioun 3776 e klore "Nee" zum Recht op Ofdreiwung an der Verfassung gefrot.