Logement, Pensioun, Bourse a Stagegesetz: Acel zitt Bilan
"Wéi solle Studente mat de Liewenskäschten ëmgoen, déi ëmmer weider klammen a wéi eng Perspektiven hu si spéider an engem onséchere Pensiounssystem?"
Dat ware just zwou vun de Froen, mat deene sech d‘lëtzebuergesch Studentevertriedung beschäftegt. Op hirer Pressekonferenz fir d'Rentrée Académique huet d'ACEL verschidde Sujeten ugeschwat, déi d'Studenten aktuell besonnesch beschäftegt: d’Bezuele vum Studium an de Manktem un abordabele Studentewunnengen. D'ACEL fuerdert Upassungen a verschiddene Beräicher a weist op Diskussioune mat Ministèren a verantwortleche Parteien hin.
D’ACEL begréisst, datt d’Regierung d’Noutwendegkeet vun enger Pensiounsreform unerkannt huet. Positiv bewäert gëtt dobäi, datt Studiejoren och an Zukunft kënne mat ugerechent ginn, an datt och d’Pensiounsalter méi flexibel ausgestallt soll ginn. Nawell fënnt de Gianni Di Paoli, President vun der ACEL, dass dat net ganz den Erwaardungen entsprécht a bedauert, dass d‘Erhéije vun de Cotisatioune just op 1,5% eraus leeft.
"Et ass einfach verfeelt ginn, der Jugend eng Perspektiv ze ginn, eppes wourop si sech kënne verloossen, dass se d‘Vertraue weiderhin an de System hunn. An deem Sënn hätt ee sech gewënscht, dass de System laangfristeg kann ofgeséchert ginn. Dat ass elo awer net geschitt, wou een elo wëll bis 2030 nëmmen eng Ofsécherung maachen."
E weidere grousse Sujet bleift d‘Studentebourse, wouriwwer d‘ACEL sech zejoert mam zoustännege Ministere zesumme gesat huet, fir driwwer ze diskutéieren, wat alles ugepasst misst ginn.
"Dat heescht, dass eng Bourse de mobilité an d‘Luucht gesat soll ginn, dass weider Käschte sollen iwwerholl ginn, wéi Diplomiwwersetzung, Sproochentester awer och, dass d'Deckelung vum Prêt soll vun 2% op 1,8% erofgesat soll ginn.“
D’Gesetz schreift vir, datt Stagë vu méi wéi véier Wochen obligatoresch bezuelt musse ginn – an der Praxis huet dat awer nach ëmmer fir Onkloerheeten a Problemer gesuergt, besonnesch bei der Ëmsetzung a verschiddenen Secteuren. D’ACEL fuerdert eng kloer Evaluatioun an eng besser Ofstëmmung tëscht Studenten, Patronat a Staat, fir Stage méi gerecht a funktionell ze gestalten. D’Wunnengsnout zu Lëtzebuerg trefft och weiderhi besonnesch d’Studente. Mat der Annulatioun vum Projet ‚Porte de France‘, wou 140 nei Studentewunnengen hätten entstoe sollen, ass d’Situatioun nach méi prekär ginn. D’ACEL kritiséiert de luesen Tempo vun de Bauprojeten a verlaangt méi séier a konkret Mesuren.
"Dat heescht dann och leider, dass déi meescht Studente keng Wunneng kënne kréien, déi op d‘UNI.lu kommen. Do héiere mir och ëmmer vu Problemer, dass Studenten einfach länger gesicht hunn, näischt fannen, sech un eis wenden, mir probéiere Léisungen ze fannen, mee dat ass net ëmmer esou einfach. A soss si mir am Austausch a kucke mam Ministère, wat een do ka maachen, fir méi schnell méi Wunnengen ze schafen.“
Den nächste grousse Rendez-vous, op deen d‘ACEL invitéiert, ass de REEL Weekend zu Stroossbuerg, wou ënnert anerem eng Journée politique mat Tables rondes organiséiert gëtt. Hei wäert ee mam Premier Luc Frieden, Vertrieder vun de Gewerkschaften an Deputéierten a Studenten, iwwer d‘Erausfuerderunge vum lëtzebuergesche Pensiounssystem an iwwert Liewenskäschten zu Lëtzebuerg diskutéieren.

© ACEL