D'Rettungsdéngschter mellen da weider dräi Tëschefall vum Mëttwoch den Owend respektiv en Donneschdeg de Moien.

Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten, wéi sech e Mëttwoch den Owend géint 19.30 Auer zu Äischen en Auto iwwerschloen huet. Nieft de Secouriste vu Stengefort, Käerch, Habscht a Réiden, war och de Stater Samu op der Plaz.

Kuerz no 7 Auer en Donneschdeg de Moien hate sech dann zwee Ween tëscht Mamer a Capellen ze pake kritt. Déi zwee Blesséierter goufe vun de Rettungsdéngschter vu Mamer an der Stad behandelt.

All Kéiers een Auto am Coup war kuerz no 8 um Briddel a géint 10 tëscht Kautebaach a Konstem. Bei all Accident gouf et ee blesséiert an d'Rettungsekippe vu Koplescht respektiv vun Housen waren am Asaz.