Police mellt Abréch a versichten Abréch uechter d'Land

D'Police mellt um Donneschdegmoien nees eng Rei vun Abréch a versichten Abréch uechter d'Land; ënnert anerem eng Apple Watch a Bijoue goufe geklaut.
An der Rue de Mensdorf zu Iwwersiren hunn e Mëttwoch Onbekannter sech iwwert d'Terrass Zougang zu engem Eefamilljenhaus verschaf a sämtlech Raim duerchsicht. Am Laf vum Owend gouf et e weideren Abroch an en Eefamilljenhaus zu Fëlschdref. Hei goufen éischten Informatiounen no Bijoue geklaut.
A béide Fäll gouf eng Ermëttlung opgeholl.
Och Autoe goufe nees vun Onéierleche viséiert. E Mëttwoch den Owend ass en Auto, deen Op Zaemer zu Nidderkäerjeng geparkt war, opgebrach ginn. D'Gefier gouf duerchsicht an eng Apple Watch geklaut.
Kuerz no 4.00 Auer um Donneschdegmoie gouf der Police e Mann gemellt, deen an der Rue de Holtz an der Gemeng Rammerech un d'Diere vun Autoe geklenscht huet. Bei engem dovun hat en Erfolleg an huet d'Gefier duerchsicht, allerdéngs gouf hien dobäi vun engem Awunner gestéiert. Wéi d'Police bis op der Plaz war, war den Täter scho geflücht.
Eng Sich ass ouni Erfolleg bliwwen. A béide Fäll gouf eng Ermëttlung opgeholl.