Keng Plaz an der Maison relais kritt? Deelt Är Erfarung mat eis!

© René Pfeiffer
Dëse Samschdeg dréit sech an der Emissioun "Background am Gespréich" alles ëm d'Theema Encadrement a Betreiung nieft der Schoul.
D'Maison relaisen, déi jo d'Kanner vun der Grondschoul encadréieren am Alter vun 3 bis 12 Joer, feieren dëst Joer hiren 20. Gebuertsdag. Eng gutt Geleeënheet also, fir méi genee op dës ze kucken: Wat gutt klappt oder net? Wéi soll bis 2030 all Kand zu Lëtzebuerg eng Plaz an enger Maison relais kréien, sou wéi et de Koalitiounsaccord virgesäit? Dat a villes méi wëll d'Claude Zeimetz e Samschdeg am Background beschwätzen, mat dräi Invitéeën: Dat sinn de Gilles Dhamen aus dem Educatiounsministère, de President vum Gemengesyndikat Syvicol Emile Eicher an d'Carla Carvalho fir déi national Elterevertriedung, déi zu Monnerech och selwer eng Maison relais leet.
Ären Temoignage ass gefrot
Virun allem wëlle mir awer och bei Iech dobaussen de Bols fillen: Sidd Dir och bei deenen Elteren, déi am Summer gesot kruten, datt hiert Kand net an d'Maison relais ka goen? Respektiv, konnt der bis elo einfach nach ni op déi Offer zréckgräifen a wéi organiséiert der Iech? Manner schaffen? Frot Dir d'Grousselteren ëm Hëllef oder kuckt Dir soss no enger alternativer Betreiung?
Mir loossen Iech ganz gär zu Wuert kommen mat ärem Temoignage. Iwwert eise Repondeur um 13 33 kënnt Dir eis vun Ärer Situatioun zielen. Dësen ass elo scho fir Iech op!
Donieft kënnt Dir eis awer och schreiwen, iwwert de Formulaire hei drënner: