Kappzerbrieches a Skepsis an der Chamber
D'Regierung beschäftegt sech e Freideg mam Avis vun den Experten, déi jo eng Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer gefuerdert hunn.
D’Regierung gesäit e Freideg nach emol d’Experten, déi jo eng Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer fuerderen. D’Ministeren decidéieren duerno am Regierungsrot, wéi et soll virugoen an am Nomëtten ass eng Pressekonferenz. De Justizministère huet jo schonn e Gesetzprojet preparéiert. Den ominéise Lückentext. Eisen Informatiounen no beschäftegt sech d’Regierung notamment mat der Fro, ob deen Text elo scho soll an der Chamber deposéiert ginn a säi Wee da mécht (d’Avise gesammelt ginn also an d’Deputéiert den Text eventuell iwwerschaffen) oder ob den Text als éischt vum Staatsrot aviséiert gëtt. Oder ob een nach waart, bis eng Variant opdaucht an ee méi Donnéeën huet.
No enger Visitt vun den Experten den Donneschdeg de Moien an de Chamber-Justiz- a Santéskommisssioune waren d’Deputéiert nach ëmmer der Meenung, et soll ee prett si fir den Eeschtfall. Op der anerer Säit ware se skeptesch, ob elo de richtege Moment wier, fir eng Impfflicht anzeféieren. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet zwar betount, datt d’Impfung zwar net d’Verbreede vum Virus verhënnert, mee op alle Fall viru schwéiere Verleef vun der Krankheet schützt. Par konter sot souguer si, datt et Nuancen am Avis vun den Experte gëtt. Effektiv géing nëmmen d’Impfflicht an engem vun de 7 Zenarie Sënn maachen. Donieft stellt sech d’Fro, ob bei enger méi virulenter Variant, d’Vaccinen nach ëmmer esou effikass sinn ewéi aktuell ugeholl.
Virun esouvill Ongewëssheete kéint een aktuell esou en Aschnëtt an d’Grondrechter net rechtfäerdegen, sou déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorschée. Genee wéi si huet den CSV-Deputéierte Claude Wiseler d’Verhältnisméissegkeet vun enger Impfflicht elo a Fro gestallt. Mee genee ewéi si huet hien och am selwechten Otemzuch gefuerdert, datt ee prett ass fir de Fall, wou de schlëmmen Zenario antrëtt. E Gesetz soll also preparéiert ginn. Quit, datt sech och hei vill Froen nach géinge stellen, wat d’Strofen oder aner Contrainten ewéi en 3G ubelaangt. D’Impfflicht riskéiert also, weider fir Kappzerbrieches ze suergen.