D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.098 geklommen ass.

Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, kee Patient ass op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.286.736 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.