CattenomReakter "Unité 2" gouf nees un de Reseau ugeschloss

RTL Lëtzebuerg
Domadder ass d'Atomzentral net méi ganz ofgeschalt an ee vun deene véier Reakteren ass nees um franséisch Stroumnetz ugeschloss.
© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN / AFP

Nodeems nämlech 3 Reaktere wéinst Maintenanceaarbechte schonn zanter enger Zäit net um Reseau waren, war virun zwou Wochen och de Reakter 2 präventiv ofgeschalt ginn. An engem Communiqué vum franséischen Energiekonzern EDF ass ze liesen, dass um System vun der Ventilatioun vum Reakter huet misse geschafft ginn. De Sécherheetssystem vum Reakter hätt an där Zäit ëmmer korrekt fonctionéiert.

Back to Top
CIM LOGO