
D’Roll vun der Chamber als legislative Pouvoir a Kontrollorgan vun der Regierung gëtt an der Verfassung festgehalen. D’Deputéiert leeën hiren Eed mat der Reform net méi op de Grand-Duc, ma op d’Verfassung of. Am Grondgesetz bleift festgehalen, datt een net ka gläichzäiteg an der Chamber an am Staatsrot sinn. All aner Incompatibilitéite mussen an engem Spezialgesetz festgehale ginn, fir dat et eng 2/3-Majoritéit brauch. De Rapporter Charles Margue: “Et gëtt esou och zum Beispill e spéidert Aféiere vun Anti-Cumul-Bestëmmungen tëscht Deputéiertemandat a kommunale Funktioune méi einfach.”
D’Biergerbedeelegung gëtt ausgebaut, esou kann e Grupp vu Wieler elo och eng Gesetzespropositioun maachen: “E Grupp vun 125 Wielerinnen a Wieler kann esou eng Propositioun ausschaffen a se, mat enger Ënnerstëtzung vun op d’mannst 12.500 Wielerinnen a Wieler, der Chamber ënnerbreeden.”
Et bleift dobäi, datt ee muss op d’mannst 18 Joer hunn an d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, fir un de Chamberwalen Deel ze huelen. D’Verfassungsgeriicht gëtt zoustänneg fir d’Walen ze kontrolléieren.
Eng Rei Deputéiert virun allem vun der Oppositioun hu besonnesch begréisst, datt et keng Majoritéit méi wäert brauche fir eng Enquêtëkommissioun anzeberuffen - et geet duer datt 20 vu 60 Deputéiert dofir stëmmen. De Premierminister Xavier Bettel huet sech dozou geäussert: “Wann eng Enquêtëkommissioun just duerno Parteipolitik ass, dann hutt Dir net verstanen, wat eng Enquêtëkommissioun sollt sinn. Eng Enquêtëkommissioun sollt sinn, wann Dysfonctionnementer um Niveau vum Staat sinn an Dir hutt hautdesdaags jo schonn eng Rëtsch Méiglechkeeten an et si schonn Enquêtëkommissiounen hei an dësem Land gewiescht. Et soll een net d’Gefill ginn, wéi wann elo en neit Kapitel géing opgemaach ginn, wou elo op ee mol sou e frësche Wand géing kommen, wou virdrun alles ënnert den Teppech gekiert ginn ass. Dat ass falsch.”
Dozou sot de Piraten-Deputéierte Sven Clement, datt et zanter der SREL-Affär 2013 keng Enquêtëkommissioun méi gouf: “An dat obwuel mer ee Satellit hu wou d’Cour des comptes der Oppositioun an alle Punkte Recht ginn huet, wou souguer d’Cour des comptes, als neutraalt Organ gesot huet datt hei d’Chamber belu gouf, keng Enquêtëkommissioun vun der Majoritéit. D’Superdreckskëscht - eng Affär mat där sech elo d’Geriicht muss erëm ploen, keng Enquêtëkommissioun. D’Gaardenhaischen-Affär, mat där sech d’Chamber an d’Geriicht mussen erëm ploen, keng Enquêtëkommissioun. Altersheemer, Valorlux...”
D’ADR huet géint d’Reform gestëmmt an op en neits d’Majoritéitsparteien an d’CSV kritiséiert, déi sech géint e Referendum entscheet hunn. Datt et bei consultative Referende soll méiglech ginn, och Leit fir hir Meenung ze froen déi net d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn ass der Partei dann och en Dar am Aen.
Déi Lénk hu sech enthalen, d’Reform kéint ee beschtefalls als “Facelifting” beschreiwen. D’Partei huet scho virun e puer Joer hir eege Propositioun fir eng nei Verfassung an d’Chamber bruecht, déi bei der Biergerbedeelegung méi wäit géing goen an d’Chamber méi stäerke géing.
Fir datt dat véiert Kapitel vun der Reform a Kraaft triede kann muss d’Chamber nach eng 2. Kéier driwwer ofstëmmen. Den 2. Vott kéint duerch e Referendum ersat ginn, wann op d’mannst 25.000 Bierger oder méi wéi e Véierel vun den Deputéierten an der Chamber, also op d’mannst 16, dat fuerderen.