A Frankräich geflüchtAutomobilist konnt vu Lëtzebuerger Police gestoppt ginn

Andy Brücker
E Sonndeg de Mëtteg gouf d'Lëtzebuerger Police vun hire franséische Kolleegen ëm Hëllef gefrot.
© Laurent Weber

Et war géint 15.30 Auer, wéi d’franséisch Police hire Lëtzebuerger Kolleege Bescheed gesot huet, dass en Automobilist a Frankräich bei enger Verkéierskontroll geflücht ass. Hien ass vun der A31 eriwwer op d’A3, deemno Richtung Lëtzebuerg gefuer. De flüchtege Chauffer konnt kuerz drop vun der Lëtzebuerger Police gestoppt a kontrolléiert ginn.

De Chauffer hat ze vill gedronk an dobäi koum nach, dass den Auto net verséchert war. Deemno gouf den Auto séchergestallt.

Alkohol um Steier

E Sonndeg de Moie krut d’Police e staark alkoholiséierten Automobilist zu Käerch gemellt. Eng Policepatrull konnt de Chauffer zu Stengefort stoppen. Den Alkoholtest war positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

E Méindeg an de fréie Moiesstonne ass am Garer Quarter an der Rue Adolphe Fischer en Auto opgefall, dee vill ze séier ënnerwee war. D’Policepatrull huet den Automobilist gestoppt a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO