Ee Blesséierten gouf et bei engem Feier an engem Café zu Bouneweg, Detailer feelen, mä eng ganz Rei Corpsen ware wéinst dem gréissere Brand am Asaz. Nieft 3 Ambulanzen aus der Stad an de Stater Pompjeeë war och Renfort vun Hesper, aus dem Réiserbann, Dippech a Jonglënster geruff ginn. Iwwert d’Hannergrënn vum Feier ass fir den Ament, wéi gesot, nach näischt gewosst.
Wéi de CGDIS op Facebook matdeelt, wiere 45 Pompjeeën am Asaz gewiescht. Géint 2 Auer an der Nuecht op e Samschdeg wier et zum Brand komm. Eng Persoun hätt sech nach esou just kënne virun de Flame retten a koum liicht blesséiert an d’Spidol.
D’Rettungsekippe konnte verhënneren, datt d’Feier sech op aner Gebaier ausbreet. No 2 Stonne war d’Feier geläscht.
Op Uerder vum Parquet gouf d’Police technique mat den Ermëttlunge befaasst. D’Rue Irmine wäert wuel weiderhi fir den Trafic gespaart bleiwen.
Zu Räichel ass e Samschdeg de Moie fréi um 2 Auer eng Persoun blesséiert ginn, wéi en Automobilist a Richtung Réiden an e Bam geknuppt ass.
Zu Lenzweiler gouf et kuerz no Hallefnuecht bei enger Kollisioun tëscht engem Auto mat Wëld ee Blesséierten an zu Esch an der Uelzechtstrooss ass e Freideg den Owend schonn eng Persoun verwonnt ginn, wéi do en Auto an e Vëlosfuerer aneneegerannt sinn.