
Mat 5,3 Millioune registréierte Passagéier gouf am Laf vum Joer 2025 nees en neie Rekord verbucht. Dat huet de Generaldirekter vum Fluchhafen-Bedreiwer lux-Airport der Noriichtenagence DPA géintiwwer confirméiert.
Géintiwwer 2024 waren et nees ronn 200.000 Leit méi, déi um Findel gelant oder gestart sinn an et soll och weider méi ginn. Fir dëst Joer rechent ee mat 5,7 Millioune Passagéier.
Et wier dann och guer net méi ongewéinlech, dass Leit aus dem Grenzgebitt, alt vu méi wéi 100 Kilometer ewech op de Findel kéimen, esou den Alexander Flassak géintiwwer der DPA.
An den nächste 6 Joer wëll lux-Airport iwwerdeems eng Milliard € investéieren, fir de Fluchhafen ze moderniséieren an auszebauen.
2050 wier d’Zil vun 10 Millioune Passagéier uviséiert.