
E Sonndegmëtteg krut d’Police en Abroch an en Appartement an der Route de Luxembourg zu Beetebuerg gemellt. Éischten Erkenntnisser no hunn déi bis ewell onbekannten Täter eng Terrassendier ausgehiewelt, fir sech esou Zougang zur Wunneng ze verschafen, an där si e puer Raim duerchwullt hunn. Aus dem Bulletin vun der Police geet net ervir, ob eppes aus der Wunneng geklaut gouf.
Méi spéit e Sonndeg krut d’Police dann en Abroch an en Haus an der Rue de Rumelange zu Téiteng gemellt. Och hei sinn d’Brigange wuel duerch d’Terrassendier erakomm. Och hei ass net gewosst, ob tatsächlech eppes geklaut gouf.
Iwwerdeems mellt d’Police eng Partie Déifställ aus Gefierer. Dat war zum Beispill e Sonndegmëtteg an der Strooss “Dernier Sol” zu Bouneweg de Fall. Hei hunn déi onbekannten Täter eng Fënster ageschloen, fir sech Zougang zu engem Gefier ze verschafen. Am Nomëtteg gouf dann en Déifstall aus engem Gefier an der Rue Louis Pasteur zu Déifferdeng gemellt. Och hei hunn déi presuméiert Täter eng Fënster ageschloen, éier si sech da mat enger Posch duerch d’Bascht gemaach hunn. Eng Patrull vun der Police konnt schliisslech zwou verdächteg Persounen ermëttelen. Wéi d’Beamten dës kontrolléiert hunn, konnte si d’Posch a weider Géigestänn sécherstellen. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll erstallt.