1.216 Positiver bei 3.681 Tester, eng Persoun verscheet

© RTL-Grafik
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm eng op 1.107 geklommen ass.
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn 18 Persounen hospitaliséiert, dovunner ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.287.738 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,87. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 3,94 Prozent. Vun 330 PCR-Tester waren der e Sonndeg 13 positiv. E Samschdeg goufen 375 Persoune positiv getest an e Freideg waren et der 828.