D'Russesch Invasioun vun der Ukrain, déi am Februar 2022 ugefaangen huet, destabiliséiert net just d'Ukrain selwer, ma och Nopeschstaten.

Mat ënner anerem bedeitende Konsequenze fir Moldawien. Vun der Sécherheetsbedroung u sech bis héich Inflatioun. 
D'UN Agence fir Flüchtlingshëllef, UNHCR, geet dervun aus, datt eng 4 Milliounen Ukrainer am Land selwer deplacéiert sinn. Ronn 7 Milliounen Ukrainer wieren déi lescht dräi an hallef Joren an d'Ausland geflücht. Op den ukrainesch-moldawesche Grenze goufen zanter dem Ufank vum Krich iwwer 1,8 Milliounen Ukrainer enregistréiert, déi hier Heemecht verlooss hunn. Den Ament géife sech eng 127.000 ukrainesch Flüchtlingen am klenge Moldawien ophalen, sou den UNHCR.

80% vun den Ukrainesche Flüchtlingen a Moldawie ginn als Vulnerabel ugesinn

D'Svetlana huet zesumme mat hiren zwee Kanner, Dnipropetrovsk verlooss. Hiere Mann ass zeréck bliwwen. An enger Regioun, déi den Ament praktesch Dag fir Dag vun de Russen ugegraff gëtt. Beim Roude Kräiz sicht si an der moldawescher Haaptstad Chisinau virop emotional Stabilitéit.

''Et ass wierklech haart ouni mäi Mann. Ech muss roueg bleiwen. Mat den zwee Kanner muss ech kënnen op jiddwer Situatioun reagéieren. Wärend der Seance hei, kann ech wärend e puer Minutten all meng Suergen, de Krich, meng Ängschte vergiessen. Dat hëlleft mer wierklech.''

D’Rout Kräiz bitt materiell Hëllef a psychosoziaalt Encadrement un. 

Déi meescht vun de Flüchtlingen, déi aus der Ukrain iwwer d’Grenz kommen, liewen den Ament a Moldawien ouni Akommes, dacks bei lokale Gaaschtfamilljen. Mënschen, déi ofhängeg vun hirem Erspuerten an ëmmer méi oft och vun humanitärer Ënnerstëtzung sinn. Vill vun hinnen hunn net emol Geld fir sech Medikamenter oder Gezei ze kafen. Déi meescht Flüchtlinge si Frae mat Kanner an eeler Leit.

"Hei si mer an onsem soziale Buttek. Leit kënne Kleeder kréien, déi anerer hei ofginn. Mir kréien och Done vu Geschäfter. Dernieft hu mir eng kleng Wäscherei, fir vulnerabel Leit, déi keng Wäschmaschinn hunn", sou d’Daniela Gamureac vum Moldawesche Roude Kräiz zu Chisinau.

Ënnerstëtzung fir d’moldawescht Rout-Kräiz aus der Schwäiz a Lëtzebuerg. 

D'Installatioune vun der lokaler Branche vum Roude Kräiz si fonkelnei. Am Ufank vun der russescher Invasioun gouf d'Ekipp vu Chisinau iwwerlaf. Mat der Ënnerstëtzung vun der Schwäizer, respektiv der Lëtzebuerger Croix-Rouge an der Lëtzebuerger Kooperatioun gouf d'Gebai aus Sowjetzäite restauréiert. Wa bis d'Schoul nees un ass, da wäert och hei, nomëttes eng méi lass sinn.

"Vulnerabel, moldawesch Kanner a Kanner vu Flüchtlinge kommen all Dag no der Schoul heihin, fir d'Hausaufgaben an aner Aktivitéiten. De Soziale Kontakt ass wichteg. Sech kennenzeléieren. Well déi meescht Flüchtlingskanner hu weider Online Schoul. Aus der Ukrain eraus. Si brauche moldawesch Frënn." sou d’Mataarbechterin vum Moldawesche Roude-Kräiz.

Fir Spannungen aus dem Wee ze goen, mécht d'Croix-Rouge keen Ënnerscheed tëscht der lokaler Populatioun an ukrainesche Flüchtlingen. Jiddwereen, deen an Nout ass, kritt gehollef. Op finanzieller Natur, oder psychosozial Ënnerstëtzung. Op engem Ament, wou d’Zuel u Flüchtlingen net ofhëlt. Se wäerten nach e laangen Otem brauchen, d’Ekippe vum Moldawesche Roude-Kräiz.