"Gesond al ginn", dat ass duerchaus méiglech. An zwar mat genuch Beweegung.

Am Alldag vu villen eelere Leit ass et awer dacks guer net esou einfach sech genuch ze beweegen. Dowéinst huet d'Associatioun vun de Kinéen zu Lëtzebuerg (ALK) haut um Weltkinésdag iwwert dëse Sujet sensibiliséiert. D'Monica Camposeo war sech d'Info-Stänn ukucken.

De Weltkinédag - E Reportage vum Monica Camposeo

Et ass Méindegmoien, vill ass net lass an engem Bartrenger Shoppingzenter. Eng Kiné, déi mat um Stand vun der ALK present ass, schwätzt eng eeler Damm un an erkläert ëm wat et geet. "Ah nee, ech brauch kee Kiné", äntwert d'Madamm direkt. Si wier och esou schonn aktiv. Ma dat kritt awer net jiddereen am héijen Alter hin. An no engem kuerze Gespréich mat der Kiné hëlt d'Passantin trotzdeem e puer Flyeren un, mat Informatiounen zu wat ee maache soll wann ee fält oder wéi d'Balance an d'Kraaft erëm kënnen opgebaut ginn. Well och si huet gemierkt, et ka séier méi schlecht ginn.

Al gëtt jiddereen iergendwann

Beweegung, ganz allgemeng, ass e Sujet, deen net just eeler Leit soll betreffen. Al gëtt nämlech jiddereen iergendwann an d'Preventioun spillt bei der Gesondheet am Alter eng wichteg Roll. E gudden Usaz wier et, einfach déi Aktivitéiten, déi ee souwisou gäre mécht, sou laang et geet bäizebehalen. Se awer eventuell unzepassen, esou d'Carmen Glod vun der Associatioun vun de Kinéen zu Lëtzebuerg, d'ALK: "Dat kann eng Sportaart sinn, dat ka sinn, dass ee gäre spadséiere geet vläicht mat sengem Hausdéier, sech och mat Kolleege weiderhin trëfft. Dat ass ganz wichteg, net just fir dee kierperlechen Aspekt, mee och fir dee mentalen Aspekt." Och dat géing nämlech eng grouss Roll spille fir gesond méi al ze ginn.
 
Mierkt een awer, dass ee bemol u Kraaft verléiert, d'Gläichgewiicht méi schlecht gëtt oder dass een esouguer schonn e puer Mol bal gefall wier, da kann e Kiné hëllefen. Fir d'Sich ze vereinfachen, gouf de Site luxkine.lu an d'Liewe geruff. Deen e wéineg ewéi en Online-Telefonsbuch fonctionéiert. Patiente mee och Doktere kënnen iwwert de Site e Kiné an der Géigend fannen an och no Spezialiséierunge sichen. Zesumme mam Patient, erkläert d'Carmen Glod, gëtt an der Seance da gekuckt wéi méi Beweegung an den Alldag kann integréiert ginn. An dat och mat geziilten Übungen: "Do gëtt un der Kraaft geschafft, um Gläichgewiicht, un der Flexibilitéit. All dat wat de Patient dee Moment brauch fir säi Kierper nees opzebauen a fir erëm méi stabil duerch d'Liewen ze goen."

Gaart an Enkelkanner hale fit

An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt, gesinn d'Kinéen effektiv ëmmer méi Aarbecht an déi Richtung, esou d'Carmen Glod. An engem Shoppingzenter huet d'Kinésassociatioun dowéinst op zwee Stänn d'Passanten informéiert. "Mir hunn alleguerte Boboen", dowéinst wier de Sujet ganz wichteg, fënnt eng Madamm, déi an engem Rehazenter gutt Erfarunge gemaach huet, wéi si zielt. En Här, deen sech selwer als ganz fit beschreift, ass och der Meenung, dass et fir jidderee wichteg ass, dorunner erënnert ze ginn, aktiv ze bleiwen. A sengem Fall géing dat dank Gaart a virun allem dank den Enkelkanner gutt klappen. 
 
De ganzen Dag iwwer hunn sech besonnesch méi eeler Leit um Stand informéiert. Fir un den aktiven Übungen deel ze huele wieren déi meeschten eeler Passanten awer éischter ze schei gewiescht. Dat sot eis d'Carmen Glod vun der Kinésassociatioun am spéiden Nomëtte vum Weltkinésdag. Dofir hätten déi méi jonk Leit awer aktiv matgemaach an och de Simulator ausprobéiert, fir e Gefill dofir ze kréien, wéi schwéier Beweegungen am Alter kënne sinn. Zum Schluss vum Dag huet d'ALK eng Ronn 800 Flyeren ënnert d'Leit bruecht. Fir dorunner ze erënneren, dass e puer Träpplek oder e kuerze Wee ze Fouss fir d'Gesondheet an d'Zefriddenheet am Alter en Ënnerscheet kënne maachen.