D'Wënzer si frou - "Besser geet et net!"
Bis een den neie Wäi ka schmaachen, dauert et nach. Elo gi mol 2 bis 3 Woche laang Drauwe gelies. An am Moment ass vill lass an de Wéngerten op der Musel.
D'Drauwelies dauert an der Reegel 18 bis 20 Schaffdeeg, verdeelt iwwer ee Mount. Spéitstens Ufank Oktober wëll ee mat der Recolte fäerdeg sinn. D'Wënzer brauche vill Main d'oeuvre. Dat geet vu fest Ugestallter, bis Saisonsaarbechter, Pensionären a Studenten. Jee no Gréisst vum Wéngert sinn dat eng 10 bis 20 Stéck, déi scho moies fréi urappen. Ee vun hinnen ass de Roll Hellinghausen.
"Dat geet bei mir scho moies um 6 Auer un, da stinn ech op, maache mech fäerdeg an um véierel vir 7 fueren ech an d'Kellerei an da géint hallwer 8 setze mir eis an d'Camionnette oder an d'Gefierer, kommen an de Wéngert, fir dass mir kuerz virun 8 Auer prett sinn. An da geet et lass mat schneiden. Duerno 1 Auer, hallwer 1 ass d'Madamm mam Mëttegiessen hei, da gëtt hei am Wéngert zu Mëtteg giess an da geet et weider. Um 15 Auer gëtt erëm eng Kaffispaus gemaach an dann normalerweis um 17 Auer soll Feierowend sinn, dat ass awer dann ofhängeg, wéi mir grad am Wéngert virukommen. Wa mir elo villäicht bëssi éischter an engem Wéngert fäerdeg sinn, da fänke mir keen neie Wéngert méi un. Wa mir elo awer nach puer Reien ze maachen hunn an et ass 17 Auer, da fuere mir och nach weider eng hallef Stonn, eng Stonn bis de Wéngert fäerdeg ass."
Mat wéi engen Drauwen d'Lies all Joer ufänkt, ka variéieren. De Wënzer Guy Krier, huet dëst Joer mam Auxerrois ugefaangen.
"Et gëtt een exzellente Cru. D'Drauwen, dir gesitt se hei, et ass net eng Gron faul. Se si wéi gemoolt, also besser hätt et net kënne goen, et erënnert mech ganz staark un 2018, 2020, 2022, also groussaarteg Joergäng. An de 2025‘er Creux wäert sech an déi Rei bäimaachen."
Bei Domaine Vinsmoselle geet d'Lies eréischt dëse Mëttwoch lass. Och hei gëtt als éischt Auxerrois gepléckt, mee donieft Pinot Noir. De President Josy Gloden freet sech och hei iwwer kärgesond Drauwen.
"Et gëtt een exzellente Joergang, ech mengen, mir gesinn haut Moschtgewichter déi scho relativ héich sinn, déi wäerten an den nächste Wochen och nach zouhuelen, da wäerte mir schonn en exzellente Joergang mat enger schéiner Aromantik hikréien. Wa si elo och nach bëssi Ree géife kréien, mécht näischt aus, also hoffe mir mol, da wäert de Joergang 2025 ganz gutt, mat schéine fruuchtege Wäiner presentéieren."
Duerch de Klimawandel wäerten an den nächste Joren aner Riefzorten ugebaut ginn, sou nach de Josy Gloden. En aneren Trend wier a sengen Aen awer och, datt allgemeng manner Wäi gedronk gëtt.