Dat war fir déi meescht Deputéiert an der Chamber d’Conclusioun e Freideg.

D'Direktioun vun der Spuerkeess war an d’Chamberfinanzkommissioun komm, fir Explikatiounen zu der CSSF-Sanktioun ze ginn. De Regulateur hat festgestallt, datt der Staatsbank hiren Dispositif géint Geldwäsch, Terrorfinanzéierung a Fraude net de gesetzlechen Ufuerderungen entsprach huet.

Deputéiert gesinn Matresponsabilitéit an der Caritas-Affär - Rep. Michèle Sinner

D'Reunioun war fir d'Spuerkeess-Responsabel wuel eng Zort Gang op Canossa. Den André Bauler vun der DP sot: "...dass haut awer e Mea Culpa an deem Sënn gemaach ginn ass vun der Direktioun, well se nach eemol ënnerstrach huet, datt se wierklech bei de Prozeduren am Hannerdreiwe war."

Schliisslech hat d'Spuerkeess schonn 2020 eng Injunction vun der CSSF kritt. Ma bis elo hat d'Bank ervirgehuewen, et géif kee kausalen Zesummenhang tëscht hirem lächeregen Dispositif an der Caritas-Fraude. Den Deputéierte vun de Pirate Sven Clement mengt awer: "Fakt ass, d'CSSF huet d'Spuerkeess sanktionéiert, ënner anerem wéinst Verfeelungen am Beräich vun der Caritas-Affär. Déi ass explizitt kontrolléiert ginn."

Dofir ass och fir d'Taina Bofferding vun der LSAP däitlech: "...dass d' Bank d'Spuerkeess och eng Responsabilitéit huet. Si soen hire System wär elo mëssbraucht ginn, genotzt ginn, fir déi dote Fraude, well d'CSSF seet awer an hirem Schreiwes och ganz kloer, ebe grad duerch déi Problemer, duerch dee System, deen défaillant ass, ass et eréischt méiglech gewiescht, dass esou eng grouss Fraude vu sou enger Envergure eebe konnt kommen."

D'Sam Tanson vun déi Gréng freet dofir: "Ob d'Regierung net wierklech hätt missten aneschters domadder ëmgoen, well awer elo d'Fro nach méi pertinent am Raum steet, ob et net eng Matresponsabilitéit vun der Spuerkeess-Staatsbank gëtt."

Och de Marc Baum vun déi Lénk mengt: "An da muss ee soen, dann ass eng Staatsbank involvéiert an den Ënnergang vun awer engem vun deene grousse Piliere vum Lëtzebuerger Sozialstaat an d'Regierung huet einfach nogekuckt an elo, wou d'Lompe sténke seet, de Premier nach eng Kéier, datt dat hien net stéiert, datt en dat iwwerhaapt net gewosst hat."

De Finanzminister Gilles Roth hat dem Luc Frieden näischt gesot, obschonns hie schonn am Februar wosst, datt et eng Sanktioun kéint ginn. Diane Adehm vun der CSV huet déi Decisioun verdeedegt. Hien hätt d'Gesetzer "à la lettre" verdeedegt. Si an den Tom Weidig vun der ADR kritiséieren allebéid, datt d'Spuerkeess fënnef Joer no der éischter CSSF-Injunctioun nach net all Recommandatiounen ëmgesat hat. Ma si wëllen net ausschléissen, datt d'Caritas-Fraude och geschitt wier, wann den Dispositif komplett gewiescht wär.

E Méindeg de Moie sinn de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess an der Regierungskommissär bei Spuerkeess an der Finanzkommissioun.