E Méindeg war op de Stroossen eng méi lass. Nieft zwee Motorradsaccidenter sinn ënner anerem zwee Mol zwee Autoen net laanschtenee komm.

Zu Rolleng huet sech fir d'éischt um 12.47 Auer een Auto op d'Kopp gedréint. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Lëntgen, de Samu Nord an d'Pompjeeë vu Lëntgen a Miersch waren hei am Asaz.

Dann ass um 14.54 Auer zu Beefort ee Motorrad accidentéiert. Ënner anerem de Rettungshelikopter war op der Plaz, fir dem blesséierte Chauffer ze hëllefen.

Zu Tënten goufen dann zwou Persoune blesséiert, wéi sech um 15.17 Auer zwee Autoen ze pake kritt hunn. D'Ambulanze vu Réiden a Mamer, sou wéi d'Pompjeeë vun Tënten waren am Asaz.

Eng weider Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf et op der A7 op der Héicht vu Miersch. Hei ass et bei engem Blesséierte bliwwen, dee vun der Ambulanz aus der Nordstad an de Pompjeeë vu Miersch gehollef krut.

Kuerz no 16 Auer huet et nach zu Nidderfeelen ee weidere Chauffer erwëscht, dee mat sengem Moto accidentéiert ass. D'Ambulanz aus der Nordstad an d'Pompjeeë vu Feelen sinn an den Asaz geruff ginn.