An 30 Deeg ass d'Ouverture vun der Fouer - dëst Joer op de véier Hektar vum Glacis nees ënnert den "normalen" Konditiounen an ouni Covid-Restriktiounen.

An awer gëtt et eng Ännerung, déi nach wäert fir Gespréich bei de Forainen, de Clienten an de Restauratiounsbetriber suergen: D'Ëffnungszäite ginn nämlech harmoniséiert, sou datt all ronn 300 Betriber a Spiller tëscht mëttes 12 an 1 Auer nuets dierfen ophunn. Domat falen déi "Fräi Nuechten", déi et soss freides a samschdes bis nuets 2 Auer goufen, ewech.

Dës RTL-Informatiounen hunn déi Responsabel vun der Stater Gemeng confirméiert a preziséiert, datt dëse geännerten Horaire jiddwereen elo soll zefriddestellen. Deemno kënnen och d'Manègen ewell mëttes um 12 Auer opmaachen. Soss war dëst réischt um 14 Auer de Fall.

Gastronomiebetriber kënnen ewell vun 11 Auer moies un um Glacis Clienten empfänken. D'Stater Kiermes fänkt freides, den 19. August un an dauert bis mëttwochs, de 7. September - ganzer 20 Deeg also, wou d'Keese vun de Foraine rabbelen.

Eng Nouveautéit gëtt et um Niveau vun de Fouerspiller: sou wäert déi gréisst transportabel Geeschterbunn op Lëtzebuerg kommen.

En Dënschdeg gëtt den offizielle Programm vun der Schueberfouer presentéiert - et ass bei wäitem déi gréisst Kiermes an der Groussregioun, déi am 14. Joerhonnert vum Jang de Blannen als Joermaart an d'Liewe geruff gouf an all Joer ronn zwou Millioune Visiteuren unzitt.