D'Mataarbechter vum LNS wieren op eemol net méi exklusiv am Laboratoire gewiescht fir ze schaffen, mä och um Terrain... Eng komplett nei Situatioun.

"D'Pandemie war fir den LNS e Stresstest, eng Aufgab, un där den nationale Gesondheetslaboratoire gewuess ass", dat sot säin Direkter, de Professer Friederich Mühlschlegel, deen e Mëttwoch houfreg war, fir zu Diddeleng deen neien ëffentleche Park um Site vum LNS an zwee Konschtwierker am Gebai selwer ze presentéieren an anzeweien. Wierker vun de Lëtzebuerger Kënschtlerinne Simone Decker a Justine Blau.

Den LNS wärend der Pandemie - Reportage Dany Rasqué

D'Dany Rasqué huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir de Chef vum Gesondheetslaboratoire ze froen, wéi hien d'Covid Situatioun fir den Hierscht aschätzt, wéi wichteg eng véiert Impfung fir jidderee wier a wéi den LNS sech wärend der Pandemie entwéckelt huet.

De Friederich Mühlschlegel schwätzt vun engem grousse Changement. D'Mataarbechter vum LNS wieren op eemol net méi exklusiv am Laboratoire gewiescht, fir ze schaffen, mä och um Terrain. Mat engem Drive-In Center zu Diddeleng fir PCR-Tester ze maachen a mat Initiativen, fir an de Schoulen an an den Altersheemer ze testen.

Duerch d'Pandemie huet de Gesondheetslaboratoire och nei Mataarbechter kritt, de Service, dee sech mat Covid-19 befaasst, huet sech personell verduebelt an et gëtt mat ganz neien Technologie geschafft. Déi erlaben et, Lëtzebuerg bei der Sequenzéierung vu Corona-Viren en internationale Spëtzereider ze sinn a quasi an Echtzäit z'analyséieren, wéi eng Variante grad zirkuléieren. Aktuell ass et de BA5, explizéiert de Friederich Mühlschlegel.

"Dat observéiere mer ganz genee an an deem Ament, wou mer d'Gefill hunn, och duerch eis Sequenzéierungen, datt mer musse warnen, maache mer dat natierlech, mä den Ament géif ech soen, si mer virsiichteg optimistesch. Mä eisen Job ass et natierlech, ëmmer d'Situatioun am Aen ze behalen a virsiichteg ze sinn."

D'Situatioun hätt sech awer berouegt, och dank den Impfungen. Datt eeler Joergäng sech kënnen eng véierte Kéier impfe loossen, fënnt den Direkter vum LNS ganz gutt,  an dat kéint een och séier fir méi jonk Joergäng méiglech maachen. Och mat engem Impfstoff. deen nach net un déi nei Varianten ugepasst ass, wéi een an der Vergaangenheet gesinn hätt.

"Obschonn et verschidde Variante goufen an ëmmer erëm diskutéiert gouf. ob d'Impfung gräift oder net, ob een deen drëtte Rendezvous scho mat enger Varianten-Impfung maache soll oder war d'Strategie genee déi richteg. Dat stellt ee fest. wann een elo zeréck kuckt.

Méi mam Bléck no vir geriicht, hofft de Friederich Mühlschlegel, datt et bei enger méi entspaanter Situatioun bleift: "Ech hoffen natierlech. datt mer no der Summervakanz net eng nei Well kréien. Lo den Ament, hei an elo, gesäit et net dono aus, mä mir musse virsiichteg sinn."

Virsiicht bedeit zum Beispill fir d'Mataarbechter am LNS, datt si nach de ganzen Dag iwwerall am Gebai eng Mask unhunn. Deen neie Park mat Uebstbeem a Solar-Panneauen dierft do genee richteg kommen, fir Tëschenduerch eng Kéier Loft ze huelen.