Coronavirus zu Lëtzebuerg
Vun 1.694 PCR-Tester waren der 541 positiv

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin op 1.107 bliwwen ass.
Aktuell si 25 Persounen hospitaliséiert, 3 Patiente sinn op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.288.043 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,80. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies