Coronavirus zu Lëtzebuerg
Vun 960 PCR-Tester waren der 258 positiv

© RTL-Archivbild
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 3 op 1.112 geklommen ass.
Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, 3 Patiente sinn op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.288.737 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,72. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies