D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.119 bliwwen ass.

Aktuell si 11 Persounen hospitaliséiert. Keen dovun ass op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.555 Impfdosisse genotzt.

Bei 59 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,73. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.