D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.121 geklommen ass.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg, Sonndeg a Méindeg dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell si néng Persounen hospitaliséiert, dovunner läit awer kee Patient op der Intensivstatioun. Zwee Mënsche sinn iwwert de Weekend a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.660 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 3,13 Prozent. Vun 416 PCR-Tester waren der e Méindeg 13 positiv. E Sonndeg goufen 38 Persoune positiv getest, e Samschdeg 80 an e Freideg waren et der 108.