Coronavirus zu Lëtzebuerg
Vun 1.131 PCR-Tester waren der 200 positiv, kee weidert Doudesaffer

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.121 bliwwen ass.
Aktuell sinn 9 Persounen hospitaliséiert. Keen dovun ass op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.699 Impfdosisse genotzt.
Bei 69 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,68. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies