Coronavirus zu Lëtzebuerg
Vun 924 PCR-Tester waren der 207 positiv, kee weidert Doudesaffer

© RTL-Grafik
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.121 bliwwen ass.
Aktuell sinn 10 Persounen hospitaliséiert. Eng dovunner ass op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.738 Impfdosisse genotzt.
Bei 63 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,78. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies