Coronavirus zu Lëtzebuerg
Vun 714 PCR-Tester waren der 137 positiv, kee weidert Doudesaffer

© RTL-Grafik
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.121 bliwwen ass.
Aktuell sinn 11 Persounen hospitaliséiert. Eng dovunner ass op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.289.789 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfungen si Boosteren: 533 waren ergänzend Dosen, wärend sech just 4 Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn, zwee fir den zweete Vaccin.
Bei 43 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies