Och Haut des Daags bleift et fir Leit mat enger Behënnerung schwéier Fouss an der Aarbechtswelt ze faassen. Dat soll sech awer änneren.

D'Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung beschäftegt den Ament 32 blann a sehbehënnert Fraen a Männer, awer och Leit mat engem aneren Handicap. Bannent den nächsten 4-5 Joer soll d'Zuel u Mataarbechter verduebelt ginn. An der Hoffnung, datt sech op d'mannst en Deel vun de Beschäftegten, mat der Zäit an d'Beruffswelt integréiere kann.

Nach bis den 9. September ass freides moies zu Bierschbech eng méi lass. Dann ass nieft dem Blannenheem Maart. Net d'Produktioun oder de Benefice stinn am Mëttelpunkt. Et geet virop drëms, dat Mënsche mat enger Behënnerung iwwerhaapt schaffe kënnen.

Den Thierry Lutgen, Generaldirekter Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung: "Et sinn den Ament Projeten an der Negociatioun, fir nach méi Aarbechtsplazen hei ze schafen. Well et einfach wichteg ass op déi vill Demanden déi mer hunn, ze reagéieren. De Konzept selwer ass esou, datt mer Aarbechtsplaze quasi op d'Mooss hei probéieren ze schafen. Jee nodeem wat d'Kompetenze vun eise Leit sinn. Fir datt mer beschtméiglech eng inklusiv Aarbechtsplaz hunn an deem Sënn, datt och de Mataarbechter mat enger Beeinträchtegung déi Aarbecht kann, fir sech zu senger vollster Zefriddenheet ka realiséieren."

Wa méiglech gi Laangzäit-Kontrakter mat Clienten ofgeschloss, sou datt d'Mataarbechter iwwer d'ganz Joer beschäftegt kënne ginn. Den Daniel an de Gerard schaffen den Ament zum Beispill schonn u Produkter aus Holz, déi fir d'Chrëschtdeeg an de Verkaf kommen.

Den Daniel Sousa ass blann. Hien erkläert, wéi säin Aarbechtsdag ofleeft: "Ech si vu méindes bis freides hei. Vun 8.30 bis 16.30 Auer. Ech si wou ech gebraucht ginn. Zum Beispill an der Sous-traitance. Oder wann ech hei gebraucht ginn, fir d'Holz ze schläifen. Ech si wou ech gebraucht ginn."

Den Objektiv ass kloer: d'Mataarbechter aus dem Bierschbecher Atelier sou no wéi nëmme méiglech un den Aarbechtsmaart erunzebréngen.

"Ech muss awer och leider soen, datt mer nach net ganz vill Leit haten déi mer op den éischten Aarbechtsmarché konnten vermëttelen. Ma et sinn awer déi eng oder aner Persoun déi eng Platz do fonnt huet. An den zukünftege Projeten probéiere mer nach méi no un den Aarbechtsmarché erunzekommen", esou de Generaldirekter Thierry Lutgen. Vun hannert dem Blannenheem, méi zentral an e Geschäft mat klenger Restauratioun ze plënneren, méi no bei d'Leit. E Projet, un deem den Ament aktiv geschafft gëtt. Un der néideger Palette u Produkter feelt op jiddwerfalls net.

De Ben Meyer schafft am Bierschbecher Atelier an der Kichen an zielt op, wat alles do produzéiert gëtt: Quiche Lorraine, Flanebrout mat Tomaten a Basilikum, Gromperebrout, Taarte mat Quetschen, mat Kiischten, mat Äppel.

D'Uebst an d'Geméis déi um Maart verkaf ginn, kommen zum gréissten Deel aus eegener Produktioun. Ma och hei wëll een ausbauen, Synergië mat lokale Produzenten opbauen.

De Gerard Hilger, deen och am Gaart eng Hand mat upéckt, erzielt wéi Zalot oder Blumme geséit ginn, Grompere geplanzt ginn. D'frësch Quetsche ginn op jidder Fall, ënner anerem, den Ament um Bierschbecher Maart wéi d'waarm Bréidercher.