194 Corona-Infektioune bei 1.523 Tester

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.121 bliwwen ass.
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn néng Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend ass keen a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.858 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,46. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 1,11 Prozent. Vun 270 PCR-Tester waren der e Sonndeg dräi positiv. E Samschdeg goufen 84 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 108.