80 Joresdag vum Generalstreik géint Wehrpflicht
De Generalstreik vum 31. August 42 géint Wehrpflicht huet zu Wolz ugefaangen. Op d'mannst 21 Mënschen hunn dëst Zeeche vu Zivilcourage mam Liewe bezuelt.
De Generalstreik vum 31. August 1942 géint Wehrpflicht huet zu Wolz ugefaangen. Op d'mannst 21 Mënschen hunn dëst Zeeche vu Zivilcourage mat hirem Liewe bezuelt. Um 80. Joresdag ass dem couragéierten Akt vun den Aarbechter a Fonctionnaire beim nationale Streikmonument geduecht ginn.
Géint 7 Auer hunn Aarbechter virun der Gierwerei "Ideal", enger Liederfabrick, refuséiert, ze schaffen. Dëst wichtegt Signal aus der Märtyrerstad ass dunn och zu Déifferdeng an an der Stad opgegraff ginn. D'Patty Koppes vun der Wëlzer Gemeng an Organisatrice präziséiert, wat am Opruff zum Streik geschriwwe stoung.
"All eis Kräften an esouguer eis d'Liewen der gemeinsamer Saach ze opferen. Lëtzebuerger, är Flicht ass et, dem Gauleiter mat alle Mëttelen entgéintzetrieden a Widderstand ze bidden. Maacht Oppositioun a wann de Gauleiter säi Verbrieche sollt begoen, d'Annexioun oder d'Wehrflicht proklaméiert, dann äntwert mat dem Generalstreik."
D'Reaktioun vum däitsche Regime op dësen Evenement, deen an iwwer 260 Zeitungen opgegraff gouf, war drakonesch. Den Ausnamezoustand ass ausgeruff an ee Standgeriicht ageriicht ginn. Ënnert de Lëtzebuerger, déi gestreikt hunn a spéider erschoss gi sinn, war de Schoulmeeschter vu Wolz, Célestin Lommel. De Chamberpresident Fernand Etgen ass a senger Usprooch dorop agaangen, wat de Célestin Lommel virun sengem Doud nach gesot huet.
"Wa mir vläicht net méi d'Gléck hunn, erëmzekommen, dann hu mir awer haut eise Kanner eng Léier ginn, déi si warscheinlech ni vergiessen."
De Minister fir d'Fonction publique Marc Hansen, deen d'Regierung vertrueden huet, gesäit an dësem Streik net nëmmen eng Oppositioun géint Nazidäitschland, mä och ee wichtegt Engagement. D'Oppositioun war wuel géint den Naziregimm ma och en Engagement fir en oppent, fräit an onofhängeg Lëtzebuerg, seet de Minister.
A senger Ried huet de Wëlzer Buergermeeschter Frank Arndt op de Projet "Passeurs de mémoire" verwisen, dee vum Lycée du Nord mat organiséiert gëtt, an deen duerfir suerge soll, dass Lycéesschüler an d'Grondschoule ginn an esou d'Gedenken un den 2. Weltkrich net verschwënnt.
D'Portal, wou de Generalstreik ugefaangen huet, gëtt am Moment restauréiert, wéi de Frank Arndt ënnerstrach huet. Den 30. September 1956 gouf dat nationaalt Streikmonument hei zu Wolz ageweit. Den 31. August 1957 gouf eng éischte Commemoratioun virun dësem Monument ofgehalen.