
E Mëttwoch sinn déi Gréng mat eegene Proposen un d’Ëffentlechkeet gaangen. Ënner anerem gi gestaffelt Hëllefe fir Stéit verlaangt. Eng Mesure, déi direkt soll ëmgesat ginn an net eréischt no der Tripartite.
Déi Blo an déi Rout wëllen hir Proposen à ce stade net kommunizéieren. Béid Fraktioune betounen awer, datt och si natierlech de Leit wëllen hëllefen.
All gutt Iddi wier wëllkomm, seet den LSAP-Fraktiounspresident Yves Cruchten. Ma et géing een der Tripartite keen Déngscht leeschten, wann ee schonn am Viraus Saachen an d’Welt gehäit an aus der Hëft schéisst. D’Parteie sollte sech elo net géigesäiteg iwwerbidden. Bei der Tripartite géing ee sécherlech no de beschte Léisunge fir d’Land sichen an dofir sollt een d’Acteuren a Rou schaffe loossen, sou de Fraktiounschef vun de Sozialisten.
Änlech Téin komme vun deene Bloen. Et wier zwar kee Problem, datt déi Gréng elo Fuerderunge Präis ginn, sou de Fraktiounschef Gilles Baum. Ma et sollt een elo net versichen een deen aneren ze iwwertrompen. Fir elo all véierel Stonn eng eenzel Iddi op den Dësch ze leeën, wier net de richtege Wee. Et sollt een ofwaarden a bei der Tripartite e Gesamtpak aushandelen, sou de Gilles Baum.
Et wier och schwiereg fir lo scho Montanten ze nennen an et wier net realistesch fir sou Hëllefen direkt an d’Praxis ëmzesetzen.