D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.124 bliwwen ass.

Aktuell si just nach 5 Persounen hospitaliséiert, kee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.268 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfungen si Boosteren: 209 waren ergänzend Dosen, wärend sech just siwe Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn. Bei 6 Leit war et déi zweet Dosis.

Bei 65 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.