En neit Erliefnis fir Mënsche mat enger Behënnerung
De Service Berodung, Betreiung a Fräizäit vun der Fondatioun Blannevereenegung huet als Missioun, Leit mat Behënnerung am Alldag ze begleeden.
Dëse Summer gouf d'Offer, wat d'Fräizäitgestaltung ubelaangt, mat enger neier Aktivitéit ausgebaut: Ausflich mam Triobike. Sou ze soen mat enger Rikscha, dank där séi-behënnert a blann Leit nei Gefiller erliewen. Den Triobike gëtt hinnen d’Gefill vum Vëlofueren, ouni dat e selwer an d’Pedallen drécke muss.
Dee Mann hannen um Triobike huet eng duebel Funktioun. An deem en net just Kraaft fir der Zwee, jo als souguer Dräi opbrénge muss, ma parallel och d’Roll vum Guide iwwerhëlt. D'Landschaft beschreift.
Et ass bäi wäitem net déi eenzeg Aktivitéit, déi de Service Berodung, Betreiung a Fräizäit vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung organiséiert. Betreit ginn den Ament eng 200 séibehënnert, respektiv blann Leit, uechter d’ganz Land.
Wat elo spezifesch d’Aktivitéit mat den Triobike ubelaangt, sou sichen déi Responsabel motivéiert Cyclisten, déi den Ament emol freidegmëttes Zäit hunn, fir benevole mat an d’Pedallen ze drécken.