PoliceDéidlechen Accident an der Nuecht op en Dënschdeg tëscht Péiteng a Rodange
Géint 1.20 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg gouf d'Police op e schroen Accident an der Lonkescher Strooss tëscht Péiteng a Rodange geruff.
Op där Streck hat e Chauffer d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a krut e Luuchtepotto ze paken. Den Auto ass duerno op der anerer Stroossesäit am Gruef un d’Hale komm. Dat hat och schonn de CGDIS gemellt.
Den 33 Joer ale Mann aus Frankräich, deen eleng am Won war, ass nach op der Plaz gestuerwen. De Parquet gouf informéiert.
D’Streck war bis kuerz viru 5 Auer en Dënschdeg de Moie komplett fir den Trafic gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.