Gemëschte Reaktiounen op d'Budgetspresentatioun
© RTL
Eng Steierreform ass nach net a Siicht. Datt d'Steierkreditter fir Monoparentallen a Leit mam Mindestloun eropgesat ginn, gëtt awer allgemeng begréisst.
D'LSAP-Fraktioun huet sech no der Presentatioun vum Budget enttäuscht gewisen, dass déi grouss Steierreform, wéi sech ze erwaarde war, net kënnt. Virop eng Verbesserung vun der Lounsteier wär e wichtege Punkt fir d'Sozialisten. Déi puer steierlech Mesuren, déi d'Finanzministesch Yuriko Backes annoncéiert huet, begréisst de Koalitiounspartner LSAP allerdéngs. Den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten huet awer probéiert, dat Positiivt fir seng Partei ervirzesträichen.
"Si (d'Steierreform) kënnt Stéck fir Stéck. Mir hunn haut eng siwen, aacht, wann ee genee kuckt bal néng verschidde Steiermesuren ugekënnegt kritt. Siwen dovu stinn der an eisem 21-Punkte-Programm. An där Hisiicht si mir frou, mä natierlech feelt eis déi grouss Reform, déi un d'Lounsteier geet. Do si mir eis eigentlech och all eens, datt dat muss kommen. D'Ministesch huet eis en zimmlech pessimistesche pluriannuelle Budget duergeluecht, fir déi nächst Joren. Dofir sollte mir eigentlech nach ee Joer virsiichteg bleiwen."
Mä fir d'Sozialisten ass et kloer, datt si un enger grondleeënder Steierreform festhalen an doraus e Walkampfthema maache wäerten, esou den Yves Cruchten nach.
Och déi Gréng wieren um fiskale Plang wuel méi wäit gaangen. Si gi sech mat punktuellen Entlaaschtungen temporär zefridden.
"Et ass keng Ofso (un d'Steierreform). D'Yuriko Backes huet gesot, dass mir se net direkt kënne realiséieren, well mir eng ganz Rei Depensë musse maachen, fir de Leit an de Betriber direkt ze hëllefen. Si huet net gesot, dass eng Steierreform net wäert gemaach ginn. Mir sinn och der Meenung, dass eise System net gerecht ass", erkläert d'Fraktiounspresidentin Josée Lorsché.
Et ass net d'Fro ob, mä wéini eng Steierreform iwwer d'Bün wäert goen, behaapt den DP-Deputéierten André Bauler. D'Fraktioune vun déi Gréng an déi Blo begréissen och ausdrécklech, dass d'Investissementer héich bleiwen.
"Wa mir d'Ekonomie fit fir d'Zukunft maachen, da stäerke mir déi nächst Generatiounen a mir sécheren d'Recettë vun der Zukunft", sou den André Bauler.
Och déi gréisst Oppositiounspartei CSV huet jo selwer e Projet, fir eng gréisser fiskal Reform ausgeschafft: do wäert virop d'Steiertabell un d'Inflatioun ugepasst ginn. Ma dem Co-Fraktiounspresident vun der CSV Gilles Roth seng Kritik fält nach méi generell aus.
"Et ass e Budget mat engem Defizit vun 2,8 Milliarden Euro. Nodeems een de Leit fënnef Joer laang nëmme Suen aus der Täsch gezunn huet, komme keng Steiererliichterungen. An dee Problem, deen do ass, kënnt net vun haut. Dee kënnt iwwer déi lescht Joren. Et ass eng ratéiert Finanzpolitik. Et huet ee keen Apel fir den Duuscht op d'Säit geluecht. D'Leit mussen ëmmer méi bezuelen a kréien näischt als Géigeleeschtung. Dat erféiert eis an esou kann et net viru goen."
Grad ewéi d'CSV begréissen awer och déi aner Oppositiounsparteien déi annoncéiert Haussë vun de Steierkreditter fir Monoparentallen a Leit mam Mindestloun.
D'Pirate froe sech, wou 10 Prozent méi Recettë sollen hierkommen.
"Ech hunn d'Gefill, dass d'Recetten hei positiv an d'Luucht gerechent goufen, fir den Defizit net ze schlëmm ausgesinn ze loossen. Mä ech hunn Angscht, dass d'Recetten net däitlech klammen, d'Depensen awer. An dann explodéiert den Defizit", sot de Sven Clement.
De Fernand Kartheiser vun der ADR géif sech dofir erwaarden, dass de Staat a sou schwieregen Zäiten e bësse méi lues trëppelt.
"Spueren ass net dat nämmlecht ewéi Austeritéit. Bei Depensë vun ëm 25 Milliarde wäert dach Sputt do sinn, fir a Beräicher ze spueren oder aner Prioritéiten ze setzen."
Dem ADR-Deputéierte kënnt och direkt ee Beräich an de Kapp: Lëtzebuerg kéint duerchaus manner an déi international Entwécklungshëllef investéieren.
E Beräich an deem déi Lénk sécherlech méi géife maachen. D'Nathalie Oberweis kritiséiert, dass d'Regierung strukturell Ongerechtegkeeten net géif ugoen. Ma si huet no der Budgetspresentatioun och positiv Punkte genannt.
"Alles am grousse Ganze si mir erliichtert, dass d'Investissementer héich bleiwen. Mir gesinn an dësem Budget och schonn eenzel Mesuren, déi mir scho gefrot haten. Den Amortissement accéléré zum Beispill, wou d'Regierung dann elo dru geet."