An Erënnerung un d'Deportatioun vun de Judden an de Ghetto Litzmannstadt
© Sabrina Backes / RTL
Iwwer 500 Judden aus Lëtzebuerg an Tréier sinn ëm de 16. Oktober 1941 mat engem Deportatiouns-Zuch an de Ghetto Litzmannstadt a Polen bruecht ginn.
Um 81. Gedenkdag huet ënner anerem de Comité Auschwitz eng Gedenkfeier organiséiert.
Vun der Stater Gare ass sou zimmlech genee virun 81 Joer den Deportatiouns-Zuch fortgefuer. En Zuch, deen d'Judden an de Ghetto Litzmannstadt bruecht huet, wou se isoléiert goufen an Erniddregung a Gewalt um Dagesoflaf stoungen.










Op der Gedenkfeier gouf et och eng Ausstellung. Se weist jonk Mënschen an erzielt hir Geschicht, wéi si hiert Liewen hu missen zréckloossen. Et wier wichteg, de jonke Leit dëse Sujet no ze bréngen, fir datt en net vergiess gëtt. Dat fënnt de Marc Schoentgen, President vum Comité Auschwitz Lëtzebuerg.
Bei der Zeremonie dobäi waren och Schüler aus dem Fieldgen. Si waren nach viru kuerzem zu Auschwitz. Souwuel d'Visitt wéi och déi Zeremonie hei wiere wichteg, fir datt dëse Sujet net vergiess géing ginn, dat seet och dës Schülerin:
"Ech fannen et mega gutt, dass d'Jugendlecher och kënnen deelhuelen, well ech fannen d'Jugendlecher sinn d'Zukunft vun eiser Gesellschaft. De ganzen Holocaust war eppes Tragesches a mir als Jugendlecher mussen dat och weider soen an net d'Geschicht vergiessen."
Wärend der Zeremonie hunn d'Schüler och d'Nimm vun den Affer aus Lëtzebuerg opgezielt. Et war een emotionale Moment:
"Ech fannen et wichteg, dass mer heihinner kommen an eis Geschicht net vergiessen, d'Geschicht vun de Judden a méi genee de lëtzebuergesche Judden, déi aus dem Land ewechgeschéckt gi sinn, deenen d'Rechter wechgeholl goufen, deenen einfach d'Mënschlechkeet ewechgeholl ginn ass"
"Dat heite soll net nach eng Kéier geschéien oder zu deem Ausmooss dierf et net nach eng Kéier kommen. Ech hu fonnt, lo wou een hei op der Plaz ass, déi Nimm do virliest, da kann ee sech virstellen, wéi eng Angscht déi Leit deemools gespuert hunn a wéi déi dann do an den Zuch misste klammen an onsécher doriwwer ware wouhinner se hifueren a wat lo geschitt. Dat lo nach eng Kéier virun Ae gefouert ze kréien, ass eng ganz emotional Saach."
Nom Ghetto sinn d'Leit an d'Vernichtungslagere Kulmhof an Auschwitz-Birkenau bruecht ginn. Just 13 vun de 513 Judden hunn dat Ganzt iwwerhaapt iwwerlieft.