D'Bereetschaft vum Bistum ass do, fir am ale Wort-Gebai zu Gaasperech d'Leit aus dem Foyer Ulysse ënnerzebréngen, sot de Weibëschof am RTL-Interview.

Eng 45 Leit, déi kee feste Wunnsëtz hunn, kënne wärend de Renovatiounsaarbechten nämlech net am Foyer Ulysse bleiwen. Dowéinst hat d'Caritas och schonn en Appell gemaach, fir eng Alternativ fir d'Leit ze fannen. Am ale Gebai vum "Lëtzebuerger Wort" zu Gaasperech sinn aktuell ukrainesch Refugiéen ënnerbruecht, ma ee Stack wier nach fräi, esou nach de Weibëschof a Generalvikar Leo Wagener.

Op Nofro heescht et vun der Caritas, dass nach eng Rei praktesch Froe misste gekläert ginn. Et wieren och nach Ëmbauaarbechten ze maachen, esou de Caritas-Generaldirekter Marc Crochet. Ënnert anerem misste Buedzëmmer agebaut ginn an e separaten Accès vun der Strooss aus. Dës Froe géing d'Caritas aktuell mam Familljeministère an der Stad Lëtzebuerg zesumme klären. "Alles an allem gesäit d'Léisung awer villverspriechend aus", esou den Marc Crochet.

"Ech sinn immens frou, dat ze héieren, ech hat dat der Caritas virun 2 Wochen nach gesot, dass dat jo awer eng Léisung war, déi am Raum stoung an ech sinn immens frou, ech muss elo zouginn, et ze liesen, ech hunn et elo net live héieren, well ech um Vëlo souz, mee ech hu gelies, dass den Här Wagener déi Propos gemaach huet, a mir als Familljeministère sinn natierlech do immens oppen, fir ze hëllefen, wou mer nëmme kënnen, fir dat dann esou z'amenagéieren, dass dat dann och a Fro ka komme fir déi ronn 50 Leit, déi dann do ënner Dach kommen."

RTL

Fir ukrainesch Flüchtlinge gouf dat alt "Wort"-Gebai schonn nei amenagéiert. / © Archivfoto MAEE