Am Regierungsrot gouf e Gesetzesprojet ugeholl, mat deem ganz kleng Entreprisen, déi nei kreéiert goufen, solle finanziell ënnert d'Äerm gegraff kréien.

Da gouf eng zousätzlech Allocatioun fir eeler Leit decidéiert, fir verschidden Zorte vu Fleeg z'iwwerhuelen.

Ausserdeem goufen nach eng Rei Tripartitesmesuren an Texter gegoss, déi dëse Freideg ugeholl goufen, dorënner d'Hausse vum REVIS ëm 3,2 Prozent.

De Stroumpräis op ëffentleche Bornë fir Elektroautoen opzelueden, soll gedeckelt ginn.