En Donneschdeg de Moien hate sech op der A3 an Direktioun Stad e Camion an en Auto ze pake kritt.

Den Accident war an der Brëttelle, fir op d'Tréierer Autobunn eriwwer ze fueren, geschitt. Wéi den 112 matdeelt, gouf eng Persoun blesséiert. D'Rettungsdéngschter aus der Stad a vum Réiserbann waren op der Plaz.

Kuerz no 13.00 Auer hate sech an der Route de Mamer zu Stroossen en Auto an e Bus ze pake kritt. Och hei gouf et ee Blesséierten. De Rettungsdéngscht vu Mamer war op der Plaz.

Kuerz viru 16.00 Auer goufen et 2 Blesséierter, wéi op der A1 an Direktioun Stad, tëscht den Tunnel Houwald an dem Irgäertchen 2 Autoen anenee gerannt waren. D'Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper waren hei an den Asaz geruff ginn.

Géint 16.20 Auer war zu Esch-Uelzecht an der Rue d'Audun e Motocyclist gefall. Hei war de Rettungsdéngscht vun Esch op der Plaz.

Ëm 16.40 Auer war dunn de Samu am Asaz, ewéi an der Rue de la Moselle zu Bech-Maacher e Foussgänger vun engem Auto ugestouss gouf.