"D'Transparenzregëster ass eng Mogelpackung"

© Diana Hoffmann / RTL
D'Plus-Value vum Transparenzregëster ass gläich Null, kritiséiert d’Piratepartei e Méindeg op enger Pressekonferenz.
Dëst wëll et net wäit genuch géing goen. D'Gesetzespropos, déi de Piraten-Deputéierte Sven Clement Enn 2019 an der Chamber deposéiert huet, wier op e Minimum reduzéiert ginn. De Grond dofir wier virun allem e Blockéiere vun der CSV an der DP gewiescht.
Zanter engem Joer gëtt et elo d'Obligatioun, dass Entrevuen tëscht Interesseverbänn an Deputéierten an d'Transparenzregëster mussen agedroe ginn. Et misst een awer feststellen, dass dat dacks net gemaach géing ginn, seet de Jerry Weyer vun de Piraten op enger Pressekonferenz um Méindegmëtten. Just Déi Gréng an d'Pirate géingen all hier Entrevuen ëffentlech maachen.
D'Transparenzregëster wier éischter en On-Transparenzregëster an deem Sënn, dass just den Numm, déi juristesch Form an den Numm vun Drëtten, déi vertruede ginn, publizéiert gëtt. Fir dass de Bierger awer iergend eppes domat kéint ufänken, missten och ënner anerem d'Ziler vun der Organisatioun, an de Budget vum Lobbyeffort festgehale ginn. Just esou kéint den Impakt vun enger Organisatioun op d'Entscheedungsprozesser ageschat ginn.
D'Piraten hunn dann nach kritiséiert, dass an der Vergaangenheet souguer Entrevuen an der Chamber net agedroe gi wieren, wéi dat hätt misse geschéien. Sou wieren zum Beispill Amnesty International oder d'Croix Rouge do gewiescht, ouni dass et ageschriwwe gi wier.
Lobbyaarbecht wier jo net per se schlecht, betount de Sven Clement. Och Deputéiert missten sech a verschidden Dossiere vun ënnerschiddleche Säiten Informatiounen anhuelen. Mee fir transparent ze sinn, misst de Bierger kënne gesinn, wien dat war. Och déi Deputéiert an d'Chamber wieren dofir an der Responsabilitéit fir d'Interesseverbänn opzefuerderen, sech anzeschreiwen.