D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 1.172 geklommen ass.

Aktuell si 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. D'Santé mellt 248 Neiinfektiounen an zousätzlech 191 Reinfektiounen. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.532 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 211 waren ergänzend Dosen, eng Persoun krut eng éischt an eng Persoun eng zweet Sprëtz.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,23. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.