Vullegripp bei Gefligel zu Lellgen confirméiert

© AFP Archiv
De Landwirtschaftsministère huet e Freideg confirméiert, datt zu Lellgen am Kiischpelt d'Vullegripp bei Gefligel constatéiert gouf.
Fir ze verhënneren, datt de Virus sech weider verbreet, rappelléiert d'Administration luxembourgeoise vétérinaire, datt déi, déi Gefligel hunn, follgend Mesurë musse respektéieren:
Ënnert anerem mussen all Villercher a Gefligel op Plaze gefiddert ginn, wou séchergestallt gëtt, datt si kee Kontakt mat engem wëlle Vull kënnen hunn. Weiderhi muss d'Gefligel an zouenen Auslaf gehale ginn an dierf nëmmen eraus, wa Fileten installéiert ginn, déi verhënneren, datt et zu Kontakt mat engem wëlle Vull ka ginn.
D'Administratioun erënnert och drun, datt all Importatioun vu Gefligel muss vun engem Veterinär aus dem Exportland zertifiéiert sinn.
Falls een eng doudeg Int, Gäns oder Schwan gesäit, soll een dat direkt der Administration vétérinaire mellen. Jee nodeem wéi d'Krankheet evoluéiert, géingen d'Mesuren aktualiséiert ginn. De Ministère schreift um Schluss, datt de Konsum vun Eeër oder Gefligel kee Risiko fir d'ëffentlech Gesondheet duerstellt.