Plo vu KuebenStad Lëtzebuerg huet ugefaange Kuebennäschter ewechzehuelen

Christophe Hochard
Nodeems den Ëmweltministère säin Accord ginn huet, goufen e Freideg 19 Kuebennäschter vun de Beem an der Stad an Ëmgéigend ewechgeholl.
Stad Lëtzebuerg huet ugefaange Kuebennäschter ewechzehuelen
Nodeems den Ëmweltministère säin Accord ginn huet, goufen e Freideg 19 Kuebennäschter vun de Beem an der Stad an Ëmgéigend ewechgeholl.

An der Stad Lëtzebuerg, am Märeler Quartier, méi prezis an der Marcel Cahen Strooss, ginn et Kueben ewéi Sand um Mier. Iwwer 350 där Deiere liewen do an engen 174 Näschter.

Well d’Déieren op verschidde Plaze reegelrecht zu eng Plo ginn, agéiert d’Stater Gemeng elo géint déi schwaarz Vullen, déi alt zu Honnerten a Kolonien zesummesëtzen an entspriechend hire Knascht hannerloossen. Konkreet ginn op enger Partie Plazen an der Stad déi nächst Deeg d’Näschter vun de Kueben ewechgeholl an d’Kroune vun de Beem geschnidden, dat aus sanitäre Grënn an dacks no bei Schoulen a Spillplazen.

D’Näschter ewechhuelen an d’Beem zréckschneide geet bis Enn Februar. Ma dat eleng léist awer net de Probleem, mä e gëtt héchstens verlagert. Dowéinst gëtt dann och no alternative Sitte gesicht, wou d’Kueben um Stadgebitt keng Plo duerstellen a kënne toleréiert ginn.

D’Zejoert goufen eng 1.000 Kuebenäschter um Territoire vun eiser Haaptstad gezielt.

Back to Top
CIM LOGO